Retouche Becca

Op Kengert 1     L-7633     Medernach-Larochette     tel. 878067

Texte en Français         Nederlandse tekst

Kleng Biographie, wéi ët ugefangen huet….

Am Alter vun 12 Joër soutz ech fir d’éischt hannert enger Bitzmaschin ze spillen.

Deemols wuar ech schons vun aussergewéinlechen Kleeder faszinéiert, ech haat ëmmer en extraen Goût waat d'Auswiel vun mengen Kleeder betraff huet, sou wuar main Look och emmer en bëssen méi 'speziell'...daat wuar dann sou den Ufank...

Ech hun ugefangen meng aussergewéinlech Kleederideen selwer ze Kréeieren.

Am Alter vum 16 Joër krut ech vun mengem Papp meng éischt Bitzmaschin geschenk

Vun menger Mam hun ech geléiert dass et schued ass aal oder uséiert Kleeder eweg ze geheien, well een daat jo ëmmer nach fir weider Zwecker benotzen kéint.

Daat hun ech mär  mat op de Wee geholl, aal Kleeder hun ech emgeännert, sou dass doraus flott Kreatiounen enstanen sin.

Esou as dann och den “adapt by Becca” entstanen. ...Aalt Gezäi → Resultat: nei Jackett.

Lieblingsboxen brauchen neméi eweg gehäit ze gin, kënnen awer en erfrëschenden neien Look Kréien....
De schrecklechen Blimmerchersrack vun der Bomi, deen Sie ëmmer ugedoen huet, deen awer soll an Erënnerung bleiwen, änneren ech gären ëm, z.B. an eng modern Jupe oder Blouse fir ärch selwer.
Fir e Lach am Pullover oder en Fleck deen neméi erauszekréien ass, fannen ech emmer eng kreativ Léisung.

Ech schaffen och ganz gären mat Stëfter déi eigentlech net wirklech zesummen passen, daat gin awer ganz oft nei flott Kombinatiounen.

Am allgemengen ass d'Resultat dann ëmmer optimal. 

Becca

Photo-gallery